Autelbas
Autelbas, op Lëtzebuergesch Nidderelter, ass eng belsch Uertschaft a Sektioun an der Gemeng Arel, an der Provënz Lëtzebuerg.
| Autelbas lb: Nidderelter | |
|---|---|
|
| |
| Aussprooch | |
| An anere Sproochen |
fr: Autelbas-Barnich de: Autelbas-Barnich wa: Åtébas nl: Autelbas-Barnich |
| Land | Belsch |
| Regioun |
|
| Communautéit |
|
| Provënz |
|
| Arrondissement | Arel |
| Gemeng |
|
| Koordinaten |
49° 38’ 54’’ N 05° 52’ 06’’ O |
| Telefonszon | 063 |
| Postcode | 6706 |
|
| |

Autelbas, op Lëtzebuergesch Nidderelter, ass eng belsch Uertschaft a Sektioun an der Gemeng Arel, an der Provënz Lëtzebuerg.
Bis zur belscher Gemengereform vun 1977, war Nidderelter eng eegestänneg Gemeng.
D'Uertschaft läit op enger Héicht vun 330 Meter, am Dall vum Ruisseau d'Autelbas, engem Niewefloss vun der Äisch, deen op Lëtzebuergesch Kolerbaach heescht.
Zu Nidderelter gëtt et e Schlass aus dem 15. Joerhonnert, dat 1983 duerch e Feier zum groussen Deel zerstéiert gouf. Zanterhier gëtt dat Schlass méi oder manner rafistoléiert. Dat Schlass war de Sëtz vun de Barone vun Elter, an um Enn vum 17. Joerhonnert war Elter souguer eng kleng Grofschaft ginn.[1]
Uertschaften an der fréierer Gemeng sinn: Autelbas, Autelhaut, Barnich, Birel, Clairefontaine, Stehnen, Sterpenich a Weyler.
Zanter der Gemengereform gëtt d'Uertschaft administrativ zesumme mam Nopeschduerf Barnich als Duebeluertschaft Autelbas-Barnich gefouert.
Um Spaweck
| Commons: Autelbas – Biller, Videoen an Audiodateien |
Referenzen
- ↑ Nobilaire des Pays-Bas: 1685. ELTER, Seigneurerie au Pays de Luxembourg, fur érigé en Comté par Lettres du Roi Charles II. du 20 décembre 1685 en Faveur de Jean-Fréderic Huart d'Autel, Baron d'Elter, Gouverneur de Luxembourg
Content Disclaimer
Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.
- The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
- There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
- It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
- Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
- Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.
