Atlanta

Atlanta ass d'Haaptstad an déi gréisst Stad vum amerikanesche Bundesstaat Georgia. An der Metropolregioun vun Atlanta wunne ronn 6,1 Millioune Mënschen, wat …

Atlanta
Atlanta
Fändel
Sigel
Land Vereenegt Staate vun Amerika
Bundesstaat Georgia
County Fulton County
Fläch 347,996293 km²
Awunner 498.715 (1. Abrëll 2020)
Héicht 225 m
Buergermeeschter Andre Dickens (Mee 2021)
Koordinaten 33°45'16"N, 84°23'23"W

Atlanta ass d'Haaptstad an déi gréisst Stad vum amerikanesche Bundesstaat Georgia. An der Metropolregioun vun Atlanta wunne ronn 6,1 Millioune Mënschen, wat se zur aachtgréisster an den USA mécht.

D'Stad läit um Fouss vun den Appalachen op enger Héicht vun 300 Meter iwwer dem Mieresspigel.

Atlanta gouf als Endstatioun vun de staatlecher Eisebunn gegrënnt mee ass séier e Konvergenzpunkt tësche verschidden Eisebunne ginn, wat séier zu Wuesstem gefouert huet. Eng vun deenen Eisebunne war d'Western and Atlantic Railroad, vun där den Numm "Atlanta" kënnt. Wärend dem amerikanesche Biergerkrich hat d'Stad eng strateegesch Roll fir d'Südstaaten, bis se 1864 vun den Nordstaaten eruewert gouf. Si gouf vum Generol William T. Sherman sengen Truppe komplett néiergebrannt. Nom Krich huet se sech séier erholl an ass en nationalen Industriezentrum an d'inoffiziell Haaptstad vum "Neie Süde" ginn. Nom Zweete Weltkrich gouf Atlanta eng Plattform fir Manufaktur an Technologie. An den 1950er an 1960er war Atlanta en Zentrum vun der Biergerrechtsbeweegung, mat Aktiviste wéi dem Martin Luther King a villen aneren.

Och haut ass Atlanta nach eng national an international Transportplatform. Den Hartsfield–Jackson Atlanta International Airport ass de Fluchhafen dee weltwäit déi héchst Passagéierzuelen huet. Mat engem PIB vu 406 Milliarden USD huet Atlanta déi zéngt-gréisste Wirtschaft vun alle Stied an den USA an déi zwanzeg-gréissten Ekonomie vun alle Stied weltwäit. Si gëllt als diversifiéiert. Dominant Industrie sinn am Secteur vum Transport, Loft- a Raumfaart, Logistik, Gesondheetswiesen, Medien, Film- an Televisiounsproduktioun, Informatiounstechnologie, Finanzen a biomedezinesch Fuerschung. Zu de groussen Entreprise mat Sëtz zu Atlanta zielen ënner anerem The Coca-Cola Company, Delta Air Lines a CNN.

D'olympesch Summerspiller 1996 waren zu Atlanta.

Biller vun Atlanta

Um Spaweck

 Commons: Atlanta – Biller, Videoen an Audiodateien


Content Disclaimer

Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.

  1. The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
  2. There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
  3. It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
  4. Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
  5. Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.