Arthur Useldinger
Den Arthur Useldinger, gebuer den 8. Juli 1904 zu Esch-Uelzecht, a gestuerwen och do de 15. Mäerz 1978, war e lëtzebuergesche Politiker.
| Arthur Useldinger | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
8. Juli 1904 Esch-Uelzecht |
| Gestuerwen |
15. Mäerz 1978 Esch-Uelzecht |
| Alter | 73 Joer |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Politiker |
| Partei | KPL |
| Fonctioun | Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber |
| Auszeechnungen | Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne, Ambrogino d'oro |
| Famill | |
| Bestuet mat | Yvonne Useldinger |
|
| |
Den Arthur Useldinger, gebuer den 8. Juli 1904 zu Esch-Uelzecht, a gestuerwen och do de 15. Mäerz 1978, war e lëtzebuergesche Politiker.
Berufflech war hie Beamten am Service commercial vun Arbed Belval, politesch huet hie sech an der Kommunistescher Partei Lëtzebuerg (KPL) engagéiert. 1932 huet hien d'Vereenegug Luxembourg-URSS gegrënnt.
An den 1930er Jore war hie Mataarbechter vun der Volksstimme.
Nom däitschen Iwwerfall am Mee 1940 huet hie bis zu der Befreiung, am September 1944, missen ënnerdauchen, vun enger Stopp an déi aner. Mat anere Membere vun der KPL huet hien d'Resistenzorganisatioun ALEF (Aktiv Letzeburger Enhétsfront ge'nt de Faschismus) gegrënnt. Déi huet sech mat Fluchblieder a mat der Zeitung Die Wahrheit (1941) eng Stëmm verschaf. Well d'Gestapo d'Memberslëscht vun der KPL an d'Fangere kritt hat, goufen der vill vun hinne verhaft an a KZer gestach, sou och dem Useldinger seng Fra Yvonne Hostert an hire Papp. Den Arthur Useldinger hu se awer net kritt[1].
Nom Krich war den Arthur Useldinger bis zu sengem Doud, mat zwou klengen Ënnerbriechungen, déi ganzen Zäit Deputéierte fir d'KPL an der Chamber (1945-1958, 1959-1968 an 1969-1978).
Bei de Gemengerotswalen 1946 krut hien zu Esch-Uelzecht déi meescht Stëmmen a gouf den 18. Februar 1946 zum Buergermeeschter vun enger KPL-CSV-Koalitioun ernannt. Den 11. Mäerz 1949 huet den Emile Colling am Numm vun der CSV-Fraktioun, d'Koalitioun mat der KPL opgekënnegt, an et koum zu Neiwalen. De 14. Abrëll 1970 bis zu sengem Doud war hien eng weider Kéier Buergermeeschter vu senger Heemechtstad, dës Kéier a Koalitioun mat der LSAP.[2]
Den Arthur Useldinger war mat der Yvonne Hostert bestuet.
Gielercher
Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1956)[3]
Kuckt och
Um Spaweck
Referenzen
- ↑ Joseph Flies: Das andere Esch. Luxemburg, St.-Paul, 1979, S.848-850.
- ↑ Flies (1979), S. 849, 864, 1078.
- ↑ Memorial A N° 10 vun 1956 mat enger Lëscht vu Leit déi 1956 am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen
Content Disclaimer
Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.
- The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
- There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
- It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
- Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
- Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.
