7er-Rugby

De 7er-Rugby ass eng Variant vum Rugby Union, deen allgemeng nëmmen als Rugby oder op Franséisch Rugby à 15 oder Rugby XV bekannt ass. Am Géigesaz zum tradi…

7er-Rugby
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
7er-Rugby
Typ Rugby Union, Olympesch Sportaart
Olympesch Sportaart zënter 2016
Federatioun
International International Rugby Board
Lëtzebuerg Fédération luxembourgeoise de rugby
Ursprong
Ursprongsland Vereenegt Kinnekräich
Erfonnt 1833
Erfinder Ned Haig, David Sanderson
Aner Informatiounen
Gebraucht gëtt Rugbyball, Rugby-Union-Terrain
Aktuelle Weltmeeschter ♂ Fidschi (2022)
Aktuelle Weltmeeschter ♀ Australien (2022)

De 7er-Rugby ass eng Variant vum Rugby Union, deen allgemeng nëmmen als Rugby oder op Franséisch Rugby à 15 oder Rugby XV bekannt ass. Am Géigesaz zum traditionelle Spill, gëtt just mat siwen amplaz vu 15 Spiller pro Ekipp gespillt.

Geschicht

Et gëtt ugeholl, datt de Rugby Union 1823 wärend engem Fussballmatch erfonnt gouf, wéi e Student vun der Rugby School an England, de William Webb Elis, de Ball an d'Hand geholl huet an iwwer d'Zillinn gelaf ass.

Tëscht 1845 an 1848 hu Studente vun der Rugby School zesumme mat Studente vun der Universitéit vu Cambridge d'Reegele vum Rugby Union festgeluecht, bei deem 15 Spiller pro Ekipp virgesi sinn. De 7er-Rugby gouf 1883 vun zwéi schottesche Metzler, dem Ned Haig an dem David Sanderson, erfonnt, fir Spenden ze sammelen.

Spillfeld

De 7er-Rugby gëtt op engem normale Rugbysterrain a voller Längt gespillt, awer just mat siwen amplaz vu 15 Spiller an all Team; dräi Stiermer a véier Verdeedeger.

Reegelen

E Match dauert 2 × 7 Minutten, mat enger Paus vun enger Minutt tëscht den zwou Hallschechten.

Déi Ekipp déi um Enn vum Spill am meeschte Punkten huet, wënnt. Fir e Versuch (Try) gëtt et fënnef Punkten, zwéi fir eng Conversion an der dräi fir e Penalty kick oder en duebele Gol.

De Ball däerf net mat der Hand no vir gespillt ginn, mam Fouss kicken ass awer erlaabt.

Jidder Spiller, deen eng Giel Kaart kritt, muss fir zwou Minutte vum Terrain; bei enger Rouder Kaart däerf en definitiv net méi am Match matspillen.

7er-Rugby an d'Olympesch Spiller

Rugby Union (am 15er-Format) war scho véiermol bei den Olympesche Summerspiller derbäi: 1900 zu Paräis, 1908 zu London, 1920 zu Antwerpen an 1924 zu Paräis.

Am Oktober 2009 hunn d'Membere vum Internationalen Olympesche Kommitee (IOC) decidéiert fir de Rugby nees als Olympesch Disziplin, am 7er-Format, opzehuelen, sou datt de 7er-Rugby zënter de Spiller vu Rio (2016) am offizielle Programm ass.

Olympesch Summerspiller 2024

Fir d'Olympesch Summerspiller 2024 zu Paräis si fir de 7er-Rugby am Ganzen 288 Athleeten (24 Ekippen) zougelooss. D'Kompetitioune ginn am Stade de France gespillt.

7er-Rugby zu Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg gëtt et siwe Rugbyclibb déi am nationale Verband federéiert sinn.

 Méi Informatiounen doriwwer am Artikel: Fédération luxembourgeoise de rugby.

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: 7er-Rugby – Biller, Videoen an Audiodateien

Referenzen an Notten


Content Disclaimer

Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.

  1. The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
  2. There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
  3. It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
  4. Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
  5. Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.