(253) Mathilde
Den (253) Mathilde ass en Asteroid vun der Haaptasteroidenceinture mat engem mëttleren Duerchmiesser vu ronn 50 km. Am Juni 1997 ass d'Raumsond NEAR-Shoem…
|
| |
| Eegenschafte vum Orbit | |
|---|---|
| Orbittyp | Haaptceintureasteroid |
| Bezuchspositioun | Equinoxe: J2000.0 |
| Grouss Hallefachs | 2.646 AE |
| Exzentrizitéit | 0.2671 |
| Sideresch Ëmlafzäit | 4 Joer 111 Deeg |
| Mëttel Bunnvitess | 18,0 km/s |
| Inklinatioun | 6.74 Grad |
| Physikalesch Eegenschaften | |
| Duerchmiesser | 66 × 48 × 46 km |
| Mass | 1,033 • 1017 kg |
| Mëttel Dicht | 1,3 g/cm3 |
| Rotatiounsperiod | (17,406 ± 0,010) d |
| Albedo | 0,04 |
| Absolut Hellegkeet | 10,2M |
| Spektralklass | Cb (SMASS-Klassifikation) |
| Entdeckung | |
| Entdecker | Johann Palisa |
| Entdeckungsdatum | 12. November 1885 |
| Plaz | Universitéitsobservatoire Wien |
| Aner Bezeechnungen | 1949 OL1 |
Den (253) Mathilde ass en Asteroid vun der Haaptasteroidenceinture mat engem mëttleren Duerchmiesser vu ronn 50 km. Am Juni 1997 ass d'Raumsond NEAR-Shoemaker op enger Distanz vun 2.400 km laanscht de Mathilde geflunn an hat Daten a Fotoen op d'Äerd geschéckt.
D'Uewerfläch vum Mathilde ass däischter, méi schwaarz wéi Kuelen. Den Asteroid gehéiert zu der Spektralklass Cb an der SMASS-Klassifikatioun an däerft cheemesch änlech opgebaut si wéi d'kueleg Chondritten, eng Grupp vu kuelestoffhaltege Steemeteoritten. De Mathilde ëmkreest d'Sonn op enger exzentrescher Bunn, déi bis an de baussenzege Beräich vun der Haaptasteroidenceinture reecht. E rotéiert nëmme ganz lues ëm seng eegen Achs an huet eng vun de längste Rotatiounsperiode vun de bekannten Asteroiden. D'Haaptkennzeeche vun der Mathilde-Uewerfläch ass e risegen Aschlagkrater vun 10 km Déift. D'Tatsaach, datt de Mathilde bei dësem Impaktereegnes net zerstéiert gouf, léisst dorop schléissen, datt den Asteroid kee kompakte Kierper ass, mä eng Usammlung vu Brochstécker (rubble pile), déi duerch déi schwaach Gravitatioun zesummegehale ginn. Dorop deit och déi kleng Dicht vun 1,3 g/cm3 hin, déi aus der Bunnoflenkung vun der Sond bestëmmt konnt ginn.
Et gëtt ugeholl, datt den (253) Mathilde no der Fra vum Astronom Maurice Loewy genannt gouf.

Kuckt och
Um Spaweck
| Commons: Mathilde (Asteroid) – Biller, Videoen an Audiodateien |
Content Disclaimer
Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.
- The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
- There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
- It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
- Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
- Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.