The Spiderwick Chronicles

The Spiderwick Chronicles, op Däitsch Die Spiderwick-Geheimnisse, ass eng aachtdeeleg Fantasyrei fir Kanner vun 8 Joer un, déi vun der US-amerikanescher Autor…

The Spiderwick Chronicles, op Däitsch Die Spiderwick-Geheimnisse, ass eng aachtdeeleg Fantasyrei fir Kanner vun 8 Joer un, déi vun der US-amerikanescher Autorin Holly Black geschriwwen a vum Tony DiTerlizzi illustréiert ginn ass. D'Haaptfigure sinn d'Gesëschter Jared, Simon a Mallory, déi no der Scheedung vun hiren Elteren an en aalt Haus an Nei-England geplënnert sinn. Do geschéie komesch Saachen, déi sech keen erkläre kann, bis den Jared an der Bibliothéik vum Arthur Spiderwick op deem säin Handbuch stéisst, dat vun de magesche Kreaturen handelt, an an deem en Hiwäiser vun engem Kobold fënnt.

Domat fänken d'fantastesch Aventurë vun den dräi Gesëschter an der Welt vun den Zauberwiesen un…

D'Serie gëtt vun den däitsche Bicher Spiderwicks Handbuch für die fantastische Umwelt um dich herum, Über Haltung und Pflege von Elfen, Notizbuch für fantastische Beobachtungen, Die große Entdeckungsreise durch die verzauberte Welt dokumentiert von Thimbletack an Das Geheimnis der Spiderwicks - Das Buch zum Film ergänzt.

Handlung

Band 1 – The Field Guide

D'Eltere vun de Gesëschter Jared, Simon a Mallory si grad gescheet ginn. Du plënneren déi dräi mat hirer Mamm an d'Haus vun hirer Grousstatta, en aalt onheemlecht Gebai, dat ausgesäit wéi iwwerenee getässelt Heipen. Ëmmer erëm geschéien am Alldagsliewe komesch Saachen, wou dann ugeholl gëtt, de Jared hätt eng gestiicht oder e Witz gemaach. Den Onschëllege verdréit dat net laang a sicht no der wierklecher Léisung.

Hie fënnt doropshin d'geheim Bibliothéik vum Arthur Spiderwick, dee mat hirer Grousstatta Famill war, an d'Buch Arthur Spiderwicks Handbuch für die fantastische Welt um dich herum. Dëst Buch weist dem Jared d'Dier zu enger fantastescher Welt, well nodeem hien d'Buch gelies huet, ass hie sécher, datt en Irrwicht am Haus säin Onwiesen dreiwe muss. A senger Fal verfänkt sech allerdéngs de Wiichtelmännchen Thimbletack ...

Elo gleewen him och seng Gesëschter.

Band 2 – The Seeing Stone

D'Buch Arthur Spiderwicks Handbuch für die fantastische Welt um dich herum ass weiderhin am Besëtz vum Jared. Den Thimbletack warnt hien, datt et geféierlech wier, mä de Jong lauschtert net op hien.

De Simon sicht säi Kueder Tibbs, wou hien am Gaart verschwënnt ouni Spueren ze hannerloossen. Den Jared kritt e "Sehersteen" vum Wiichtelmännchen, mat deem senger Hëllef d'Fabelwiese siichtbar ginn. Leider war den Jared onhéiflech zum Thimbletack, an de Wiichtelmännchen ass net gutt op hien ze spriechen. Dofir muss den Jared sech eleng mam Mallory op de Wee maachen.

A scho gi se vun engem Kobold ugegraff, mä d'Mallory ka se mat sengem Florett nach eng Kéier retten. Den zweete Wee féiert déi zwéin an e Bësch, wou se op en Troll a Kobolden treffen...

Band 3 – Lucinda's Secret

Den Thimbletack ass nach ëmmer rosen a stiicht de Kanner eng. Se wësse sech net aanescht ze hëllefen a besichen hir Grousstatta Lucinda am Spidol, déi sech mat de Fabelwiesen ganz gutt ausskennt.

D'Handbuch ass duerno awer leider verschwonnen. Mat enger Landkaart, déi hinnen den Thimbletack hannerlooss huet, mussen d'Gesëschter sech erëm op d'Rees maachen. Obwuel e Phooka se gewarnt huet, trëppelen d'Kanner an d'Fal vun den Elfen a gi vun hinnen gefaange geholl…

Band 4 - The Ironwood Tree

D'Mallory gewënnt bei engem Fechttournéier eng Medail, mä wärend dem Concours maache sech zwee Kanner u sengem Sportskuerf ze schafen, wéi hir Bridder gesinn. Nodeem de Jared ee vun deenen zwee zur Ried stelle wëll, leeft dee fort…

D'Mallory ass zanter deem Tëschefall spuerlos verschwonnen. An der Schoul fannen hir Bridder e Steen, op deem Handel ze liesen ass. Dowéinst siche se fir d'éischt an enger Minière no Hiwäiser. Nodeem déi zwee e Rätsel geléist hunn, gi se vun Zwerge gefaange geholl, déi d'Mallory géint d'Handbuch tausche wëllen…

Literatur

  • Holly Black; Tony DiTerlizzi: The Spiderwick Chronicles, Bd. 1: The Field Guide . Simon & Schuster Australia , 2004, ISBN 978-0-689-85936-6
  • Holly Black; Tony DiTerlizzi: The Spiderwick Chronicles, Bd. 2: The Seeing Stone. Simon & Schuster Australia , 2004, ISBN 978-0-689-85937-3
  • Holly Black; Tony DiTerlizzi: The Spiderwick Chronicles, Bd. 3: Lucinda's Secret. Simon & Schuster Australia , 2005, ISBN 978-0-689-85938-0
  • Holly Black; Tony DiTerlizzi: The Spiderwick Chronicles, Bd. 4: The Ironwood Tree. Simon & Schuster Australia , 2005, ISBN 978-0-689-85939-7
  • Holly Black; Tony DiTerlizzi: The Spiderwick Chronicles, Bd. 5: The Wrath of Mulgarath. Simon & Schuster Australia , 2005, ISBN 978-0-689-85940-3
  • Holly Black; Tony DiTerlizzi: The Nixie's Song: Beyond the Spiderwick Chronicles, Bd. 6. Simon & Schuster Australia , 2007, ISBN 978-3-570-13211-1
  • Holly Black; Tony DiTerlizzi: Arthur Spiderwick's Field Guide to the Fantastical World Around You. Simon & Schuster Australia , 2006, ISBN 0-7435-6915-6
  • Holly Black; Tony DiTerlizzi: Arthur Spiderwick's Notebook for Fantastical Observations. Simon & Schuster Australia , 2007, ISBN 978-1-4169-0345-1


Content Disclaimer

Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.

  1. The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
  2. There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
  3. It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
  4. Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
  5. Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.