Louis Rech

De Louis Rech, gebuer de 7. Dezember 1926 als Luigi Rech[1] zu Faller an der Gemeng Sovramonte (Regioun Venetien) an Italien, a gestuerwen de 6. Januar …

Louis Rech
Louis Rech
Gebuertsnumm Luigi Rech
Gebuer 7. Dezember 1926
Gestuerwen 6. Januar 2012
Diddeleng
Alter 85 Joer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Gewerkschaftler
Partei LSAP
Fonctioun Gemengeconseiller, Buergermeeschter

De Louis Rech, gebuer de 7. Dezember 1926 als Luigi Rech[1] zu Faller an der Gemeng Sovramonte (Regioun Venetien) an Italien, a gestuerwen de 6. Januar 2012[2], war e Gewerkschaftler a Politiker (LSAP).

Hie koum mat engem Joer mat sengen Elteren op Diddeleng, wou säi Papp op der Schmelz geschafft huet, an ass do am Quartier Italien opgewuess.[3]

1958 krut hien duerch Naturalisatioun d'Lëtzebuerger Nationalitéit.[4]

De Louis Rech war President der Diddelenger OGBL-Sektioun a Vizepresident am nationale Comité vun där Gewerkschaft. Als Member vun der LSAP war hie vun 1973 un eng 20 Joer am Diddelenger Schäfferot an do vun 1985 bis 1993 Buergermeeschter.[5]

De Rech ass dem Museker John Rech säi Grousspapp. Säi Jong Romy Rech ass och am Diddelenger Gemengerot[5].

Referenzen

  1. ↑ Omaggio a Luigi Rech. passaparola.info, Januar 2012; Archivéiert.
  2. ↑ "De fréieren Diddelenger Buergermeeschter Louis Rech ass dout." RTL.lu - 07.01.2012, 16:03 - Fir d'lescht aktualiséiert: 07.01.2012, 18:11
  3. ↑ Kollwelter, Serge: "M. Louis Rech: 1er bourgmestre italien." Forum Nr 82, Oktober 1985, S. 12-13.
  4. ↑ legilux Archivéiert de 04.03.2016. Gekuckt de 07.01.2012.
  5. ↑ 5,0 5,1 Louis Rech verstorben Tageblatt, 8. Januar 2012.


Content Disclaimer

Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.

  1. The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
  2. There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
  3. It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
  4. Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
  5. Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.