James Cook

Den James Cook, gebuer de 27. Oktober 1728 zu Marton bei Middlesbrough, a gestuerwen de 14. Februar 1779 an der Bucht vu Kealakekua op Hawaii, war e britteschen…

James Cook
James Cook
Gebuer 27. Oktober 1728
Marton
Gestuerwen 14. Februar 1779
Alter 50 Joer
Doudesursaach Stéchwonn
Nationalitéit Kinnekräich Groussbritannien
Aktivitéit Explorateur, Kartograph, Marinnoffizéier, Botaniker
Member vun Royal Society
Auszeechnungen Fellow vun der Royal Society, Copley Medail
Bestuet mat Elizabeth Cook (21.12.1762–)

Den James Cook, gebuer de 27. Oktober 1728 zu Marton bei Middlesbrough, a gestuerwen de 14. Februar 1779 an der Bucht vu Kealakekua op Hawaii, war e britteschen Entdecker.

Bal ouni Schoulbildung huet den James Cook sech säin nautescht a kartographescht Wësse wärend de Wanterméint selwer bäibruecht, wann de Kueleseegler, op deem hie sech bannen 8 Joer vum Schëffsjong zum Adjoint vum Steiermann héichgeshafft hat, am Hafe louch.

1755 ass hie bei Royal Navy gaangen an huet op verschiddene Reesen tëscht 1758 an 1767 u Bord vun der "Pembroke" de Sankt-Lorenz Stroum an d'Küste vun Neifundland a Labrador vermooss.

Opgrond vun dësen Erfarungen huet de Cook dorophin 1768 de Kommando iwwer eng Expeditioun kritt, déi am Optrag vun der kinneklecher geographescher Gesellschaft am Pazifik en astronomescht Evenement, de Venustransit virun der Sonn, observéiere sollt. Op der "Endeavour" huet de Cook 1769 Tahiti erreecht an d'Liewe vun de Leit vun do studéiert. Ausserdeem huet hien all d'Insele ronderëm kartographéiert an zu Éiere vun deenen, déi hien ugestallt haten, Gesellschaftsinsele genannt. No der Feststellung, datt Neiséiland aus 2 Haaptinsele besteet, ass de Cook no engem Openthalt op der Ostküst vun Australien 1771 an England zeréckgefuer.

Fir d'Existenz vun engem vegetatiounsräiche Südpolarkontinent ze klären ass de Cook zweemol iwwer de südleche Polarkrees virgedrongen, mä hien huet do nëmmen d'Äismasse vun der Antarktis fonnt.

Op senger 3. Expeditioun wollt de Cook no engem nërdleche Passage tëscht dem Atlantik an dem Pazifik sichen. Hien ass 1776 vu Plymouth fortgefuer an huet, nodeem hie vun Neiséiland an Tahiti koum, 1778 Hawaii nees entdeckt. Nodeem hien d'Westküst vun Nordamerika erreecht hat, ass hien no Norden an d'Beringstrooss geseegelt, wou hien, nodeem en iwwer de 70. nërdleche Breedegrad erausgefuer war, vun Dreifäis gezwonge gouf, nees ëmzedréinen.

Zeréck op Hawaii ass hie bei engem Sträit mat den Urawunner ëm d'Liewe komm.

Op senge laange Séireesen ouni frësch Liewensmëttel huet de Cook erausfonnt, datt Zitrounen a Sauermous exzellent Mëttele géint Skorbut sinn.

Um Spaweck

 Commons: James Cook – Biller, Videoen an Audiodateien


Content Disclaimer

Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.

  1. The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
  2. There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
  3. It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
  4. Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
  5. Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.